Auto bewäerten a verkafen

CarLuxembourg Facebook CarSaarlad Instagram
CarLuxemburg HG

AGB

Allgemeng Geschäftsbedéngungen CarLuxembourg

(fir d’Notzung vun den iwwert d’Websäit www.carluxembourg.lu zougängleche Servicer)

Stand: Januar 2022

Liest w.e.g. eis allgemeng Geschäftsbedéngungen opmierksam duerch, éiert Dir d’Websäit un d’Servicer vun www.carluxembourg.lu notzt. Duerch d’Notzung vun eiser Websäit respektiv eisen Déngschter erkläert Dir Är Zoustëmmung an déi domat verbonnen Unerkennung vun eisen Allgemenge Geschäftsbedéngungen.

    § 1 Allgemenges a Géigestand vum Kontrakt
  • (1) D'Internetsäit www.carluxembourg.lu ass eng Websäit, déi vum Rias El Hayek, Metzer Str. 124, 66117 Saarbrücken (nostoend: „'Carluxembourg“ oder „mir“) fir d'Bewäertung an den Ukaf vu Gefierer bedriwwe gëtt.
  • (2) Eis Websäit erlaabt et den Notzer, bestëmmten Donnéeë vu Gefierer Fuerzeegegevens an een Eingabefeld anzeginn, fir eng Online-Bewäertung vum Gefier ze kréien. D'Online-Bewäertung ass gratis.
  • (3) Am Eenzelfall getraff Accorden (inklusiv Niewenaccorden, Ergänzungen an Ännerungen) hunn an all Fall Prioritéit par rapport zu dëse Verkafsbedéngungen. Fir den Inhalt vun esou Accorden ass, virebehalen de Géigenbeweis, e Kontrakt an Textform maßgebend.
  • (4) Dës allgemeng Geschäftsbedéngunge (nostoend: „AGB“) gëllen fir all Geschäftsbezéiungen tëscht „'Carluxembourg“ an de jeeweilege Visiteure vun der Websäit (nostoend: „Notzer“) oder Verkeefer vun de Gefierer (nostoend: „Verkeefer“). Maßgeblech ass ëmmer déi zum Zäitpunkt vum Ofschloss vum Kontrakt gülteg Faassung vun den AGB. Duerch d'Notzung vun eiser Websäit an eise Servicer erkennt de jeeweilege Notzer dës AGB als verbindlech un. Mir behalen eis d‘Recht vir, dës AGB zu all Moment an ouni Ugab vu Grënn ze änneren.
  • (5) Fënnt den Ukaf vun engem Gefier statt, ginn déi Prästatiounen an engem separat ofzeschléissende Kafkontrakt festgeluecht.
  • (6) Bestëmmte Prästatiounen, déi mam Verkaf zesummenhänken, wéi z.B. d'Stëllleeën vum Gefier a op Ufro och d'Sichekommen an d‘Iwwerféierung vun ukafte Gefierer sinn fir den Verkeefer gratis. Fir de Kafkontrakt ofzeschléissen, ass et fir de Verkeefer néideg, datt hien de vollemfängleche Besëtzer vum Gefier ass an datt dëst Gefier net mat Rechter vun Drëtte belaascht ass. Fir de Kafkontrakt ofzeschléissen, mussen all néideg Dokumenter, déi de Verkeefer als Besëtzer identifizéieren, bereet gehale ginn.
    § 2 Online-Bewäertung, Iwwermëttlung vu Virstellungen fir d’Offer an Aluedung fir d‘Expertise
  • (1) Notzer vun eiser Websäit kënne bestëmmten Donnéeë vum Gefier am Eingabefeld aginn fir eng gratis Bewäertung vun engem Gefier ze kréien. D’Webäit déngt just zur Informatioun iwwert ee méigleche Kafpräis fir d’Gefier.
  • (2) D’Resultat vun der Bewäertung vun eiser Websäit esou wéi d’Iwwermëttlung vun zousätzlechn Informatiounen begrënnt weder eng verbidlech Verkafsoffer vum Notzer fir d’Gefier, nach eng verbindlech Kafoffer vu CarLuxembourg
  • (3) E Kaf vun engem Gefier duerch CarLuxembourg kënnt grondsätzlech eréischt no der Expertise vum Gefier duerch ee vun eise Mataarbechter op eisem Standuert a Betruecht.
  • (4) All Bewäertung, déi online op eiser Websäit gemaach oder dem Notzer per E-Mail geschéckt gëtt, baséiert sech op den Ugaben, déi de Notzer eis zum Gefier matdeelt.
  • (5) Wann d’Resultat vun der Bewäertung de Präisvirstellungen vum Verkeefer entsprécht, kann hien online ee Rendezvous mam Keefer festleeën, bei dem eng technesch Expertise vum Gefier stattfënnt an déi restlech Ugaben vum Verkeefer zum Gefier iwwerpréift ginn. Ass de Notzer mam Resultat vun der Bewäertung averstanen a leet hien mam Verkeefer ee Rendezvous op der Plaz fest, kritt heen dozou eng Bestätegungsemail. Bestätegen d’Expertise d’Ugaben vum Verkeefer zum Gefier an zum techneschen Zoustand kann de Keefer dem Verkeefer eng verbindlech Kafoffer zu dem an der Online-Bewäertung ermëttelte Kafpräis (vgl. § 2 Abs. 1) ënnerbreeden.
  • (6) Ergi sech Ofweichungen, kënnen d’Parteie vum Kontrakt deen ënner § 2 Abs. 1 ermëttelte Kafpräis nei verhandelen. Et ass dem Verkeefer fräi iwwerlooss, dës Offer vum Keefer unzehuelen.
    § 3 Notzungsrechter
  • (1) Am Kader vun dëse Notzungbedéngungen hunn d’Notzer d’Recht, duerch d’Benotzung vum vu CarLuxembourg zur Verfügung gestallten Online-Eingabefeld, Datesätz op hirem Bildschirm siichtbar ze maachen an een Ausdrock zur permanenter Siichtbarmaachung anzefäerdegen.
  • (2) D’Notzung ass ausschließlech fir indviduell a net-kommerziell Zwecker zoulässeg. Notzer dierfe, déi duerch Online-Offro gewonn Donnéeë weder vollstänneg, nach deelweis oder auszuchsweis fir dem Opbau vun enger eegener Datebank ënnert wéi enger medialer Form och ëmmer an/oder fir gewerblech Daterverwertung oder Auskunftserdeelung an/oder fir soss aaner gewerblech Verwertungen benotzen.
  • (3) Notzer hu sämtlech Handlungen ze ënnerloossen, déi dorop ausgeriicht sinn, déi vun eis ugebuede Servicer an hirer Funktioun ze beaflossen.
  • (4) Notzer dierfen ouni aus ausdrécklech schrëftlech Zoustëmmung net Deeler vun eisem Service systematesch extrahéieren an/oder weiderverwenden. Dozou gehéeiert och, dass Notzer ouni ausdrécklech schrëftlech Zoustëmmung vu CarLuxembourg keen Data Mining, keng Robots oder ähnlech Datesammel- an Extraktiounsprogrammer asetzen dierfe fir iergendwellech wesentlech Deeler vun eisem Service fir d’Weiderverwendung ze extrahéieren.
  • (5) D’Verlinkung, Integratioun oder soss aner Verknüpfungen vun eisem Service ouni ausdrécklech schrëftlech Zoustëmmung vun eis ass net gestatt.
  • (6) Duerstellung a Funktiounsëmfang vum Service kënne sech je no Zougangsart (z.B. via Internetsäit oder via mobiler Websäit) ënnerscheeden. Den Usproch op Notzung vum Service a senge Funktiounen besteht nëmmen am Kader vum aktuelle Stand vun der Technik.
  • (7) De Notzer gesteht dem Keefer onentgeltlech dat zäitlecht, geografescht an inhaltlecht onageschränkt an iwwerdrobart Recht an, d’Inhalter, déi dësen u CarLuxembourg iwwermëttelt huet, Donnéeë vum Gefier esou wéi Fotoen, déi am Kader vun der Bewäertung vun engem Gefier um Standuert vu CarLuxembourg virgeholl goufen, online an offline ze verwerten.
    § 4 Ofhuel-Rendezvous / Transportrisiko
  • (1) D’Parteie leeë beim Ofschluss vum Kontrakt een Iwwergabe-Rendezvous beim Keefer oder op Wonsch een Ofhuel-Rendezvous beim Verkeefer fest. Déi festgeluechten Ofhuel-Rendezvouse si verbindlech. De Verkeefer ka bis 24 Stonne virum Ofhuel-Rendezvous ouni Ugab vu Grënn den Ofhuel-Rendezvous an Ofstëmmung mam Keefer verréckelen. Beim Verréckele vum Rendezvous manner wéi 24 Stonne am Viraus, behält sech de Keefer vir, deen heiduerch entstaanene Schued beim Verkeefer gëllend ze maachen.
  • (2) Een Ofhuel-Rendezvous muss op mannst innerhalb vu 14 Deeg nom Ofschloss vum Kontrakt vum Verkeefer erméiglecht ginn. Sollt een Ofhuel-Rendezvous an dëser Zäit net erméiglecht ginn, kënnt de Verkeefer automatesch a Verzuch par rapport vun der Erbréngung vu senger Leeschtung.
  • (3) Beim Ofhuel-Rendez-vous muss d’Gefier, dat Géigestand vum Kontrakt ass, niewt all de néidegen Ënnerlagen vum Verkeefer un de Keefer iweergi ginn. Dofir gëtt een Iwwergabeprotokoll ugefäerdegt. D’Eegentum um Gefier geht zu dësem Zäitpunkt un de Keefer iwwer.
    § 5 Gewährleeschtung/Garantie
  • (1) Fir technesch Mängel, dorënner och déi permanent an zu all Zäit méiglech Disponibilitéit vun der Websäit esou wéi déi feelerfräi Wiedergab vun den Inhalter, déi vum Notzer ugi gi sinn, gëtt säitens CarLuxembourg keng Gewährleeschtung/Garantie iwwerholl.
  • (2) Bei Neterreechbarkeet vun der Websäit steht dem Notzer eise Service um Client iwwert d’Telefonsnummer +352 2 033 4032 zur Verfügung
    • § 6 Haftungsbeschränkung
    • (1) D’Notzung vun der Websäit fënnt op eegen an onangeschränkt Verantwortung statt.
    • (2) Mir beméien eis permanent sécherzestellen, dass d’Servicer vu CarLuxembourg ouni Ënnerbriechungen disponibel a feelerfräi sinn. Duerch d’Beschaafenheet vum Internet kann dëst allerdéngs net garantéiert ginn. Och Ären Zougrëff op eis Websäit ka geleeëntlech ënnerbrach oder beschränkt si fir Astandsetzungen, Maintenance oder d‘Aféierung vu neie Servicer ze erméiglechen. Mir probéieren d’Heefegkeet an d’Dauer vun all dësen Ënnerbrichungen oder Beschränkungen ze begrenzen.
    • (3) Am Kader vun der Notzung vun eiser Websäit a Servicer hafte mir onbeschränkt fir Schied, déi duerch CarLuxembourg oder duerch hir gesetzlech Vertrieder, Employéen oder einfach Erfëllungsgehilen virsätzlech oder grob fuerlässeg verursaacht gi sinn.
    • (4) A Fäll vu liicht fuerlässeger Verletzung vu nëmmen onwesentleche Flichten vum Kontrakt haft CarLuxembourg net. Doriwwer eraus ass d’Haftung vu CarLuxembourg fir liicht fuerlässeg verursaacht Schied op déijéineg beschränkt, mat deenen hir Entstéiung typescherweis gerechent muss ginn. Dobäi beschränkt sech d’Haftung op den onmëttelbaren Duerchschnëtssschued.
    • (5) Déi virstoend Haftungsbeschränkungen gëlle net fir Schied aus der Verletzung vum Liewen, dem Kierper, oder der Gesondheet, esou wéi fir soss aner Schied, déi op Arglist berouen.
    • (6) Souwäit d’Haftung vu CarLuxembourg ausgeschloss oder beschränkt ass, gëllt dëst och fir déi perséinlech Haftung vu Employéen, Vertrieder oder Erfëllungsgehilfen.
    • (7) Fir d’Richtegkeet, Vollstännegkeet an Aktualitéit vun deenen zur Verfügung gestallten Inhalter iwwerhuele mir trotz gréisster Suergfalt keng Gewähr. D’Notzung vun den ofruffbaren Inhalter fënnt op eege Gefor vum Notzer statt.
      § 7 Dateschutz
    • (1) De Schutz vu persounebezunnen Donnéeën an der Privatsphär vun der Notzer vun eiser Websäit ass eis immens wichteg. Fir ee gréisstméigleche Schutz sécherzestellen, ass et fir eis selbstverständlech, dass mir all gesetzlech Virschrëften, déi den Dateschutz reegelen, anhalen.
    • (2) Die einfache Nutzung unserer Website ist grundsätzlich ohne Angabe personenbezogener Daten möglich. Um die Bewertung eines Fahrzeugs zu erhalten, müssen Sie Ihre EMailadresse und Telefonnummer angeben. Eine weitere Registrierung unter Angabe weiterer Daten ist vorerst nicht nötig, um die Serviceleistungen von CarLuxembourg zu nutzen. Wenn Sie einen vor Ort Termin vereinbaren wollen, dann müssen Sie Ihren Namen, Vornamen, Adresse und Telefonnummer angeben. Wird ein Kaufvertrag geschlossen, dann müssen weitere personenbezogene Daten, wie etwa Ihre Anschrift oder die Bankverbindung, mitgeteilt werden. Die Nutzung der Dienste von CarLuxembourg und die Datenangabe schließt Ihr Einverständnis ein, dass ihre Daten an den Server übermittelt und gespeichert werden. Daten die erhoben werden, damit Sie Zugriff auf die Tools, Anwendungen, Leistungsangebote und die Internetseite von CarLuxembourg erhalten und damit Webanzeigen und Inhalte angepasst werden können, finden Sie in der Datenschutzerklärung.
    • (3) Zu de ‚persounebezunnen Donnéeën‘ am Kader vun dëser AGB, gehéieren Ugaben iwwert déi perséinlech oder saachlech Verhältnisser vun enger bestëmmter an/oder ënnert der Notzung vu weideren Informatiounen vun enger bestëmmbarer natierlecher Persoun an Informatiounen, déi Iech individuell zougedeelt kënne ginn. Dorënner faalen z.B. Är E-Mail-Adress, Adress, Postuschrëft oder Telefonsnummer. Är persounebezunnen Donnéeë ginn iwwert d’Websäit CarLuxembourg erhuewen, wa si eis vun Iech bereetgestalt ginn. Dat ass z.B. beim Ausfëllen vun den Eingabefelder vum Online-Formulaire vu CarLuxembourg zum Zweck vun der Bewäertung vun Ärem Gefier de Fall. Dorënner faalen och Informatiounen doriwwer, wéi eng Offer vun eiser Websäit Iech interesséiert, wann dës Ärer Persoun zouzeedeele sinn. Anonymiséiert an aggregéiert Donnéeën déi domat och a Kombinatioun mat aneren Informatiounen oder an enger anerer Art net zur Identifizéierung vun engem bestëmmte Notzer benotzbar sinn, gëlle net als persounebezunnen Donnéeën.
    • (4) Dir kënnt Är Awëllegung fir d’Notzung vun Äre persounebezunnen Donnéeën, virun allem der E-Mail-Adress, zu all Moment zréckzéien, ouni dass Iech aner Käschten, wéi déi, déi no de Basistariffer vun Ärem Provider, entstinn. Dëst gëllt besonnesch dann, wann Dir CArLuxembourg ee Widerruf schéckt.
    • (5) Mir weisen dorop hin, dass d’Iwwerdroen vun den Donnéeën am Internet (z.B. bei der Kommunikatioun per E-Mail) Sécherheetslücken opweise kann. Ee Schutz vun den Donnéeën ouni Lücken virum Zougrëff duerch Drëtter ass net méiglech.
    • (6) Der Notzung vun, am Kader vun der Impressumsflicht verëffentlechte Kontaktdonnéeën duerch Drëtter fir Iwwermëttlung vu net ausdrécklech ugefuerderter Publizitéit an Informatiounsmaterialien gëtt heimat ausdrécklech widersprach. D‘Bedreiwer vun der Websäit CarLuxembourg behale sech ausdrécklech rechtlech Schrëtter am Fall vun onverlaangter Zousendung vu Publizitéitsmaterialien, wéi z.B. duerch Spam-Mails, vir.
    • (7) Responsabel Plaz an Ubidder vun de Servicer ass de Riad El Hayek, Metzer Str. 124, 66117 Saarbrücken. All Froen am Bezuch op den Dateschutz kënnt Dir zu all Moment och un eis riichten. Wieder Detailer zu der Notzung vun Ären Donnéeën an den Iech zoustoende Rechter fannt Dir an eiser Dateschutzerklärung.
      § 8 Urheber- a Notzungsrechter
    • (1) Eng weidergoend Notzung ass nëmme mat enger am Viraus erhaalener a schrëftlecher Zoustëmmung vun eis méiglech.
    • (2) Am Fall vun enger net autoriséierter Notzung vun eisen Informatiounen esou wéi eise Marken oder Logoe vun Drëtten, déi op eiser Websäit ofgebild sinn, verletzt Dir eis Rechter respektiv d’Rechter vun Drëtten.
      • § 9 Schlussbestëmmungen
      • (1) Bei alle Streidereien, déi sech aus dem Kontraktverhältnis erginn, ass, wann de Verkeefer Vollkaufmann, eng juristesch Persoun vum ëffentleche Recht oder een ëffentlech-rechtlecht Sonderverméigen ass, d’Klo beim Parquet ze erhiewen, dee fir den Haaptsëtz vum Keefer zoustänneg ass. Si ass och berechtegt, am Haaptsëtz vum Verkeefer/Optragnehmer ze kloen.
      • (2) Bei alle Streidereien, déi sech aus dem Kontraktverhältnis erginn, ass, wann de Verkeefer ee Verbraucher ass, d’Klo beim Parquet ze erhiewen, dee fir de Wunnsëtz vum Verkeefer respektiv fir de Sëtz vum Keefer jeeweils zoustänneg ass.
      • (3) Et gëllt ausschliesslech dat däitscht Recht ënner Ausschloss vun de Gesetzer iwwert den interntionele Kaf vu bewegleche Saachen, och wann de Verkeefer / Optragnehmer säi Firmesëtz am Ausland huet. D’Kontraktsprooch ass Däitsch.
        § 10 Salvatoresch Klausel
      • Sollt eng Bestëmmung vun dëse Geschäftsbedéngungen onwierksam sinn oder ginn, sou bleiwt d’Rechtswierksamkeet vun de restleche Bestëmmungen heivunn onberéiert. Amplaz vun der onwierksamer Bestëmmung gëllt eng wierksam Bestëmmung als ausgemaach, déi der vun de Parteie gewolter wirtschaftlecher am nooste kënnt.